Interview mam Carlo Feiereisen (LSAP Süden)
1. Eng kuerz Virstellung par rapport zu Aerer professionneller Carrière als Infirmier
Mäin Numm ass Carlo Feiereisen. Ech hunn d’Infirmierschoul zu Esch gemaacht a sinn zënter 2001 Infirmier-Anästhesiste zu Esch am CHEM am Service OP/Hyperbare/Samu.
2. Wéi gesidd Dir den Infirmiersberuff an deenen nächste 5 Joer?
Den Infirmiersberuff ass sécherlech am Wandel.Op an der Hospitalisatioun oder an der externer Fleeg kommen permanent nei Defien op den Job duer. Ech ginn dovun aus, dass an Zukunft den Infirmier an d’Infirmière nach méi als Uspriechpartner fir de Patient ugesi ginn, engersäits fir en a senger konkreter Situatioun ze guidéieren, an anerersäits fir d’Berodung an de Suivi vu Leit, déi mat gesondheetleche Problemer konfrontéiert sinn, déi mat enger laangfristeger Ëmstellung an/oder Verännerung vu Gewunnechten verbonne sinn.
Den Infirmier entwéckelt sech also ëmmer méi zu enger Vertrauenspersoun, an dat an alle Beräicher.
Sou personaliséiert Servicer si ganz wichteg, sinn awer och mat engem héijen Zäitopwand verbonnen. Domat riskéiert den Drock op d’Infirmieren an den nächsten Joer nach zouzehuelen. Wann net zousätzlecht gutt ausgebilten Personal agestallt gëtt, riskéieren d’Aarbechtskonditiounen sech ze verschlechteren.
Dobäi kennt, dass engersäits d’Erwaardunge vun de Leit méi grouss ginn, an anerersäits méi Zäit gebraucht gëtt, fir all geleeschten Aarbecht ze dokumentéieren. Des administrativ Aufgaben si sécher en Deel vun engem gudde Qualitéitsmanagement, huelen awer och Zäit ewech, déi den Infirmier net fir d’Patienten zur Verfügung huet.

3. Wéi wëllt Dir Iech perséinlech als wielbaren/gewielte Politiker fir den Infirmiersberuff engagéieren?
Wann ech gewielt ginn, well ech mech dofir asetzen, dass d’Personalpolitik an eisem Beruff souwuel deenen zukünftegen Defien, wéi och der demographescher Entwécklung gerecht gëtt. Un éischter Stell bedeit dat, dass de Staat genuch Suen muss am Gesondheetssecteur bereet stellen, fir dass et méiglech ass, op d’Patienten individuell anzegoen a si optimal ze begleeden.
Zweetens musse mer eis méi intensiv wéi bis elo em d’Ausbildung vu jonke Leit këmmeren, well mer soss eescht Problemer beim Rekrutement kréien.
Mir mussen den Image vum Infirmier opwäerten an dofir suergen, dass dëse Beruff an der Gesellschaft dee Stellewäert kritt, deen e verdéngt. Et ass keen einfachen Job an et ass kloer, dass net jiddereen dofir gemaach ass. Trotzdeem muss et eis geléngen, Jonken ze weisen, dass et e ganz villsäitegen a flotte Beruff ass. Nëmme wa mer elo genuch Jonker motivéieren, sech als Infirmier ausbilden ze loossen, kenne mer herno genuch Leit rekrutéieren fir déi natierlech Ofgäng ze kompenséieren an doriwwer eraus nei Posten ze besetzen.
D’Ausbildung muss reegelméisseg un d’Verännerungen am Beruff ugepasst ginn. Gutt Leit, déi an der Praxis weisen, dass si engagéiert sinn an den Aufgaben am Beruff gewuess sinn, dierfen eis net verluer goen, well se en Test an enger Matière, déi am Laf vun der Zäit eigentlech u Bedeitung verluer huet, net packen. De gefuerderten Ausbildungsniveau muss héich gehale ginn a sech gläichzäiteg sou no wéi méiglech un der Praxis orientéieren.
Dat setzt viraus, dass et e permanenten Echange tëschent den Infirmieren um Terrain an de Responsabelen vun der Ausbildung gëtt.
Ech engagéiere mech dofir, dass d’Infirmieren an d’Infirmièren um politeschen Niveau Gehéier fannen an als Partner bei der Weiderentwécklung vun hirem Beruffsbild eescht geholl ginn.
Carlo FEIEREISEN