Interview mam Christian Steffen (LSAP Norden)


1. Eng kuerz Virstellung par rapport zu Aerer professionneller Carrière als Infirmier

Ech hunn meng Infirmiersausbildung 2004 zu Warken am LTPS ofgeschloss.

Direkt am Uschloss hunn ech dunn vun 2004-2006 d’Spezialisatioun zum Infirmier en anesthésie et réanimation am LTPS zu Esch-Uelzecht an am CHdNzu Ettelbréck absolvéiert.

Nodeems ech d’Ausbildung zum Infirmier en anesthésie et réanimation2006 ofgeschloss hat hunn ech meng berufflech Carrière am Service des soinsintensifs et réanimation vum deemolegen Hôpital Kirchberg gestart.

2007 sinn ech dunn zeréck an den CHdN op Ettelbréck gewiesselt. No en-gem Stage vun 6 Méint am Service Dialyse sinn ech op den Service des soinsintensifs/réanimation/stroke unit gewiesselt, wou ech bis 2015 geschafft hunn. No 9 Joer Réanimatiounass et dunn un der Zäit fir eppes neies gewiescht, een Wiessel an den Service vun der Anesthésie/SAMU.

Säitdem schaffen ech am Roulement Réanimation/Anesthésie/SAMU wou ech an engem Joresrhythmus hinan hir wiesselen. Fir mech perséinlech ass dësen Rotatiounsprinzip een immens interessanten an ofwiesselungsräichen Job, well een an allen Beräicher vun sengem Beruff schaffen kann.

2. Wéi gesidd Dir den Infirmiersberuff an deenen nächste 5 Joer?

Et ass ëmmer schwiereg d’Zukunft viraus ze soen. Ech sinn awer iwwerzeecht dass den Infirmiersberuff ëmmer méi un Bedeitung wäert gewannen an sech weider wäert entwéckelen. Duerch den stännegen Wuesstem an eng Gesellschaft déi ëmmer méi al gëtt souwéi den Zouwuess un chroneschen Krankheeten stinn all d’Gesondheetsberuffer virun groussen Erausfuerderungen. Et ass een vun den wéinegen Beruffer deen net duerch d’Digitaliséierung kann ersat ginn. Verschidden Saachen kënnen wuel doduerch vereinfacht oder méi séier ofgewéckelt ginn, mä den Mënsch wäert an dësem Beruff nie kënnen ersat ginn. De Besoin un gudd ausgebilten Personal wäert signifikant klammen, sief et an den Kliniken, Alters-oder Fleegeheemer oder am soins à domicile.

Historesch ass den Infirmiersberuff staark duerch d’Kierch geprägt ginn an ënnerstoung gréisstendeels de Medeziner. Haut huet den Infirmiersberuff sech zu engem eegestännegen Beruff entwéckelt. Mir stinn hei awer réischt am Ufank vun engem ganzen Prozess den nach net ofgeschloss ass. Den Infirmiersberuff wäert an mengen Aen an der Zukunft ëmmer méi un Eegestännegkeet an Unerkennung dozou gewannen an sech ëmmer méi spezialiséieren. Den Infirmiersberuff ass net deen wéi en leider nach all ze oft an de Käpp vun den Leit kurséiert. En besteet wäitaus aus méi wéi Leit wäschen, den Hënner ofbotzen, Iessplateau’en verdeelen an Kaffi drénken fir et lo mol bësse provokativ auszedrécken.

Et ass een komplexen, stressegen an usprochsgsvollen Beruff mat vill Verantwortung wou een sech stänneg weiderbilden muss an nieft mënschlechen och nach technesch an administrativ Kompetenzen sollt hunn. Et sinn awer an mengen Aen genau dës Eegeschaften an Erausfuerderungen déi dësen Beruff sou ofwiesselungsräich an interessant maachen.


3. Wéi wëllt Dir Iech perséinlech als wielbaren/gewielte Politiker fir den Infirmiersberuff engagéieren?

  • Wéi an der fiereschter Fro well gesot, wäerten d’Ufuerderungen un den Infirmiersberuff an der Zukunft grouss sinn. Virun allem den Bedarf un gudd ausgebiltem Fachpersonal.
  • Um Terrain herrscht lo well een chroneschen Mangel, sief et am soins généraux oder an den Spezialisatiounen. Dësen Problem muss eescht geholl an behandelt gin andeems eng zäitgeméiss an attraktiv Rekrutementskampagne fir all d’Gesondheetsberuffer vun staatlecher Säit erfollegt. Et muss séchergestallt sinn dass souwuel ausräichend Léierpersonal wéi awer och adäquat an modern Schoulinfrastrukturen bereet stinn.
  • Den Zougang zur Formation continue muss séchergestallt bleiwen.
  • Bescht méiglech Aarbechtskonditiounen fir d’Gesondheetsberuffer. Souwuel Material wéi och Personal.
  • Ech wäert mech staark maachen fir eng Opwäertung vum Image vun den Gesondheetsberuffer.
  • Een weideren wichtegen Punkt ass d’Iwwerpréiwen vum PRN System. Beim PRN handelt sech ëm dat Instrument mat deem am Klinikssecteur d’Charge de Travail an den Personalschlëssel ermëttelt gëtt. Ass dëst Instrument nach zäitgeméiss an am Sënn vum Patient?
  • Ech well mech staark maachen géint all Outsourcing vun Gesondheetsdengschleeschtungen aus dem ëffentlechen Gesondheetssecteur.
  • D’Ofsécheren vun den bestehenden Kollektivverträg am Gesondheetssecteur.

Christian STEFFEN
Kandidat fir d’LSAP am Nordbezierk

Fannt den PDF hei

steffen.jpg