Interview mam Fabienne Erpelding (Déi Gréng Süden)


1. Eng kuerz Virstellung par rapport zu Aerer professionneller Carrière als Infirmière

Ech sinn d‘Fabienne Erpelding, a sinn diplôméiert Infirmière zanter 2010. Meng éischt Erfahrungen hunn ech am CHEM Esch gesammelt, am Service vun der Urologie, der Gynécologie an dem ORL. Säit 2013 schaffen ech an der Préhospitalisatioun.

Engagéiert sinn ech och beim OGBL, wou ech 2019 als Kandidatin fir d’Sozialwahlen opgesat sinn.

Meng Ambitioune si grouss, well ech esou vill wéi méiglech erreeche wëll, sief et iwwer d‘Politik oder d’Gewerkschaft. Fir d’sozial Gerechtegkeet hei zu Lëtzebuerg, a fir eise Beruff éirenhaft ze vertrieden an ze verbesseren. Well nëmmen wann een och um Terrain schafft, kennt een déi sëlleche Problemer an eisem Gesondheetswiesen.

2. Wéi gesidd Dir den Infirmiersberuff an deenen nächste 5 Joer?

An eisem Beruff si leider vill Leit onzefridden, bedingt duerch den enormen Stress an Drock, deen op eise Schëllere laascht. Dëst ass d’Resultat vu Personalmangel duerch e vereelzte System fir d’Personalberechnung, deen ni der aktueller Situatioun entsprécht. Leider verléiert een um Terrain och ëmmer méi Zäit mam Computer, wou een alles zäitgläich soll dokumentéieren, wat an der Realiteit absolut net machbar ass ouni d‘Patienten ze vernoléissegen. Dat bedeit alldeegleche Stress an Onzefriddenheet mat senger geleeschtener Aarbecht, wouduerch och ëmmer manner Nowuess d’Relève an eisem Beruff hëllt. Dofir ass et un der Zäit, dass dëse Beruff opgewäert gëtt an zwar esou séier wéi méiglech.


3. Wéi wëllt Dir Iech perséinlech als wielbaren/gewielte Politiker fir den Infirmiersberuff engagéieren?

  • Revalorisatioun vun der Aarbecht vum Léierpersonal an der Infirmièresschoul.
  • Adaptatioun an der Ausbildung, méi Praxis abauen, dass déi Jonk och wierklech gesi wat op se duer kënnt. Erëm eng Rémunératioun aféieren mat Kotisatioun fir d’Pensiounskees, wat d‘Carrière natierlech och kéint verkierzen an esou manner Krankeschäiner um Enn vun der Carrière kéint bedeiten.
  • Endlech e raisonnablen System aféieren fir de Calcul vum Personal realistesch auszerechnen an den Audit PRN ofschafen.
  • De Compte épargne temps duerchsetzen, wou den avant-projet de loi schon do ass.
  • CCT SAS dem CCT FHL upassen, dass am Gesondheets- an Sozialsecteur keng Ongerechtegkeeten méi bestinn.
  • Altersheemer an aner ëffentlech Institutioune kengem private Patron an d‘Hand ginn.
  • Personalunzuel adaptéieren an zwar net no ënnen.
  • Den Infirmieren(èren) d’Méiglechkeet ginn, hiren Job erem ënnert gudde Konditiounen auszeféieren, ouni Dauerstress, Drock an iwwerméisseger Digitalisatioun.

Fabienne ERPELDING
Kandidatin fir d’Déi Gréng am Süden

Fannt den PDF hei

Hobbyphoto_dei_greng.jpg