Interview mam Josée Thillmany (Déi Lénk Zentrum)
1. Eng kuerz Virstellung par rapport zu Aerer professionneller Carrière als Infirmière
Ech hunn 63 Joer an ech si Kandidatin bei de nationale Wahlen am Oktober op der Lëscht « déi Lénk ».
Ech hu 40 Joer als Infirmière zu Lëtzebuerg geschafft. 16 Joer an der Clinique an duerno am soins à domicile, déi läscht 10 Joer als cadre dirigeant. Säit elo geschwënn 7 Joer sinn ech an der Pensioun.
Ech war mat Läif a Séil Infirmière an hat mäi Beruff gär. Ech hu gär a mengem Beruff geschafft well ech de Kontakt mam Patient gär hat an et flott war an enger Equipe ze schaffen.
2. Wéi gesidd Dir den Infirmiersberuff an deenen nächste 5 Joer?
Natierlech ass dat eng schwiereg Fro wann ee nit méi am Beruff schafft. Ech hu nach Kontakt zu der Infirmièresschoul well ech als « Acteur » um Projet Simulatioun deel huelen. Ech denken dass haut vill méi theoretescht Wëssen vun der Infirmière verlaangt gëtt. D’Studie si méi laang, dat praktescht Wëssen gëtt haut anescht vermëttelt wéi nach zu menger Léierzäit. Dat heescht mir wäerten a 5 Joer gutt ausgebilten Infirmièren hunn mat engem héije Niveau un theoretesche Kenntnisser…am Fong eng gutt Saach.
Ech hunn over och e puermol als Patient an der Clinique den Infirmiersberuff vun enger aner Säit kennegeléiert an hunn d’Erfarung gemaach dass haut d’ Infirmière nit méi onbedéngt den éischten Uspriechpartner ass. D’ Infirmière ass just do fir déi « wichteg » Saachen : Medikamenter, Parameteren, Dokteschvisite oder wa soss e Problem ass. D’Infirmière huet eng immens Verantwortung, an e grousse Deel vun hirer Aarbecht besteet haut doranner ze dokumentéieren. Si huet keng Zäit méi fir no beim Patient ze sinn.
Dat heescht dass d’ Infirmière a 5 Joer nach méi qualifizéiert wäert sinn mee leider ëmmer méi ewech vum Patient réckelt.
3. Wéi wëllt Dir Iech perséinlech als wielbaren/gewielte Politiker fir den Infirmiersberuff engagéieren?
Un éischter Linn géing ech de Kontakt sichen mat den Infirmièren fir erauszefannen wéi et hinnen haut geet an hirem Beruff. Wéi ginn si mam Stress em? Wéi erliewen si Schichtschaffen? Nuetswuechten? Ginn si begleet no traumateschen Erliefnisser? Wéi geet et hinnen Punkto Aarbechtskontrakt, Personalschlëssel, Aarbechtsplang, sinn si zefridden mat hirem Verdéngscht, wéi erliewen si hiren Alldag mat ëmmer méi héijen Uspréch souwuel vun de Patienten wéi och vun den Dokteren. Wéi sinn si gesetzlech geschützt? Ech géing mech asetzen dass d’Preretraite bestoe bleift well den Infirmiersberuff e schéinen mee haarde Beruff ass, souwuel kierperlech wéi och psychesch. Nach ëmmer gi vill gesondheetlech Problemer déi haaptsächlech de Personnel soignant betreffen (z.B. Réckeproblemer) nit als maladie professionnelle agestuuft. Och op deem Gebitt bleift nach vill ze dinn.