Interview mam Pierrot Feiereisen (CSV Süden)


1. Eng kuerz Virstellung par rapport zu Aerer professionneller Carrière als Infirmier

No menger Infirmiersausbildung an der deemoleger Clinique Ste. Elisabeth, hunn ech 1990 meng Weiderbildung zum „Infirmier en Anesthésie et Réanimation“ ofgeschloss.

A beschter Erënnerung si mer d’Kollegialitéit, déi ënnert de Kollege vun der Ste. Elisabeth bestanen huet, genausou wéi déi zuelräich Asätz mam „Samu Lëtzebuerg“ resp. mat der „Luxembourg Air Rescue“.

1995 hunn ech d‘Méiglechkeet kritt, fir eng zousätzlech Ausbildung zum Kardiotechniker/Perfusionniste an der Häerzchirurgie ze maachen. 

Zanter 2001 schaffen ech am INCCI Häerz-Zenter,wou ech fir d‘Duerchféierung vun der extrakorporaler Zirkulatioun, ënnert Uwendung vun der Häerz-Longe-Maschinn, verantwortlech sinn. Donieft betreien d‘Kardiotechniker am INCCI och Patiente mat Kreeslafënnerstëtzungssystemer, wéi z.B d‘Betreiung vu Patiente mat engem Konschthäerz oder ECMO.

No 2016 hunn ech am Mäerz 2018 un enger weiderer „Mission de Développement“ zu Ulan Bator (Mongolei) deelgeholl, wou den INCCI am Partenariat mat „Lux-Développement“ probéiert, e performanten Häerzchirurgie-Zentrum opzebauen.

2. Wéi gesidd Dir den Infirmiersberuff an deenen nächste 5 Joer?

Gesellschaftlech Verännerungen hunn nach ëmmer e staarken Afloss op eis  Aarbechtswelt.

Dat klassescht Bild vum Infirmier, dee virun allem medezinesch Unuerdnungen ausféiert oder ausschliisslech als Assistent vum Dokter ugesi gëtt, ass zënter Joren am Gaang ze bréckelen..

De Beruff vum Infirmier gëtt ëmmer méi komplex, héich techniséiert a spezialiséiert, an erfuerdert eng grouss Fach- a Sozialkompetenz.

Et schéngt mer wichteg, datt déi zukünfteg Generatioune vun Infirmiere sech besonnesch mat der Entwécklung vun deenen neien Technologien (Digitaliséierung) auserneesetzen a familiariséieren.

Nei Domainer, wéi z.B Telecare, Telediagnostik, Telemonitoring, Robotik wäerten an deenen nächste Jore geschaf ginn. 

D‘Fro stellt sech, wéi de Gesondheetsberäich déi nei technologesch Méiglechkeeten zum Positiven notze kann?

Déi nei Technologië wäerten den Aarbechtsalldag erliichteren, kierperlech Belaaschtunge reduzéieren, Aarbechtsprozesser veränneren an eng héich flegeresch Qualitéit erméiglechen. 

Nieft den neien Technologien, däerfen d’Formatioun an d‘Unerkennung vun de Gesondheetsberuffer op kee Fall vernoléissegt ginn.

Unzeeche vun enger méiglecher Pénurie vum Fleegepersonal am Gesondheetswiesen däerfen net ignoréiert ginn.

Schwaachstelle vun der aktueller Ausbildung musse revidéiert ginn. Och wann den Infirmier-Tuteur, resp de Simulatiounsraum am LTPS éischt ganz positiv Elementer sinn, sou muss nieft enger zolitter theoretescher Ausbildung méi Wäert (méi Stonnen) op déi praktesch Präsenz, déi klinesch Erfarung um Terrain geluecht ginn.

Virun allem déi praktesch Formatioun gëllt et an deenen nächste Joere konsequent ze verbesseren.


3. Wéi wëllt Dir Iech perséinlech als wielbaren/gewielte Politiker fir den Infirmiersberuff engagéieren?

D‘Attraktivitéit an d‘Unerkennung vun de Gesondheetsberuffer stäerken!!

Nëmme qualifizéiert Personal mat der néideger Fachkompetenz garantéiert eng qualitativ héichwäerteg Betreiung.

Grondviraussetzung fir eng qualitativ héichwäerteg Betreiung ass eng den Ufuerderungen entspriechend Aus- a Weiderbildung vum Personal.

Rezent Zuele beleeën, datt et an Zukunft, nach méi wéi bis elo, wäert ganz schwiereg ginn, jonk Leit fir de Beruff vum Infirmier ze begeeschteren.

Déi ugeduechte „Planification nationale“ ( enquête nationale) ass deemno nëmmen eng éischt Etapp vun engem Léisungsvirschlag.

Prioritär muss intensiv iwwert eng Reform vun der Ausbildung nogeduecht ginn. Den aktuelle Modell mat 2 Joer prä-bac an 2 Joer post-bac muss definitiv iwwerschafft ginn, woubäi e Bachelorofschloss soll envisagéiert ginn.

Donieft mussen Efforte gemaach ginn, fir de Gesondheetsberuffer am Allgemengen eng gréisser Wäertschätzung an Attraktivitéit zoukommen ze loossen.

PR- Campagnen, fir den Image vun de Gesondheetsberuffer an de Medien opzewäerten, Sensibiliséierungsaktiounen  duerch d’Beruffsverbänn, d‘Gewerkschaften an d‘Politik, sollen dozou bäidroen, de Stellewäert an der Gesellschaft ze verbesseren.

Flexibel Aarbechtszäit- a Familljemodeller entwëckelen, déi Beruff, Famill, Fräizäit ënnert een Hutt kréien. Zil muss et sinn, d’Aarbechtsplazen esou ze gestalten, datt se de geännerten Erwaardunge vun de Beschäftegte gerecht ginn.

D‘Aarbechtsbedingunge musse der haiteger Zäit ugepasst ginn, virun allem mussen d‘Schwaachstellen am Aarbechtsrecht resp. am Kollektivvertrag éliminéiert ginn.

De PRN, Berechnungssystem fir de Personalschlëssel ze errechnen, soll hannerfrot ginn.

Dëst sinn nëmmen e puer Ureegungen, fir d‘ Unerkennung an Formatioun vum Infirmiersberuff méi attraktiv ze gestalten.


Pierrot FEIEREISEN
Kandidat fir d’CSV am Süden

Fannt den PDF hei

Feiereisen_Pierrot_Sueden_2018.jpg