Interview mam Simone Massard-Stitz (CSV ZENTRUM)


1. Eng kuerz Virstellung par rapport zu Aerer professionneller Carrière als Infirmière

Méin Numm ass Simone Massard-Stitz, sinn 54 Joer al.

Ech hunn meng ganz berufflech Carrière am CHEM zu Esch gemaacht, vun der Schoul bis haut.

Kuerz Zäit hunn  ech no menger Ausbildung op der Medecine interne geschafft an zënter bal 30 Joer sinn ech an der Urgence.

Fir mech perséinlech war an ass nach ëmmer den Beruff Infirmier e Beruff deen engem vill Satisfaktioun bréngt, awer och keen einfachen.

2. Wéi gesidd Dir den Infirmiersberuff an deenen nächste 5 Joer?

An deenen leschten Joren huet sech vill geännert, vill méi Stress, den administrativen Opwand get vun Dag zu Dag méi grouss. Programmer, déi ëmmer méi komplex ginn, an dat ass schued, Infirmièren missten erëm méi Zäit mat den Kranken verbréngen.

Zuel vun den Kranken, wäert an den nächsten Joren klammen an ganz besonnesch Zuel vun den eeleren Léit, bedéngt duerch eng méi héich Liewenserwaardung.

Ech denken dat eisen Beruff ëmmer an eiser Gesellschaft een héijen Stellewäert behëlt.

Mir brauchen an deenen nächsten Joren vill jonk Léit, déi sech fir dësen Beruff interesséieren.

An wann mer wëllen, dat vill Jonker sech fir dësen Beruff entscheeden, dann muss den Beruff un Attraktivitéit gewannen.


3. Wéi wëllt Dir Iech perséinlech als wielbaren/gewielte Politiker fir den Infirmiersberuff engagéieren?

Wann ech gewielt géif ginn, géif ech mech selbstverständlech fir méin Beruff asetzen. Mir Infirmièren brauchen eng gutt Beruffsausbildung, an duerfir musst an deenen nächsten Joren et zu enger Opwäertung vun eisen Carrièren vum BTS an den Bachelor kommen.

Mir brauchen eng gutt professionell Ausbildung mat villen Stagen, an déi manner Wäert op Sproochen leet, dat esou méi Jonker motivéiert ginn dësen sozialen Beruff ze ergräifen.

Fréi muss an den Lycéeën ugefaangen ginn Sensibiliséierungscampagnen ze starten

Eng ugepassten Weiderbildung an Formatioun ass e wichtege Pilier an eisem Beruff, deen obligatoresch muss sinn an gefördert muss ginn.

Den Conseil supérieur pour certaines professions de santé muss reforméiert ginn an méi Autonomie kréien.

Zuel vun den Infirmièren an den Spideeler muss eropgesat ginn, fir eis Méiglechkeet ze ginn, méi Zäit bei den Kranken ze verbréngen.

Ech wënschen mir op jiddefall fir Zukunft, dat nach vill jonk Léit desen sozialen Beruff léieren.


Simone MASSARD-STITZ
Kandidatin fir d’CSV am Zentrum

Fannt den PDF hei

Massard-Stitz_Simone_04.jpg