Interview mam Tina Koch (LSAP Norden)
1. Eng kuerz Virstellung par rapport zu Aerer professionneller Carrière als Infirmière
Am LTPS zu Ettelbréck hunn ech mat en puer Startschwieregkeete mäin Infirmiersdiplom am Joer 2000 ofgeschloss. Schonns deemools war ech be kannt dofir dat ech gären iwwert mir onkloer Saachen diskutéiert hunn an et mir wichteg war dat jidderee gläich behandelt gëtt.
Wärend der Ausbildung hunn ech dunn och séier gemierkt dat virun allem de kommunikative Volet ze kuerz kennt an der alldeeglecher Aarbecht am Spidol.
Doropshin hunn ech mech dozou entschloss fir direkt no mengen Diplom als Infirmière wärend 1 Joer de Beruff vun der Infirmière psychiatrique ze léieren.
2001, hat ech dunn d’Chance eng Platz am CHNP als Infirmière Psychiatrique ze kréien. Deen Job üben ech nach ëmmer mat ganz vill Freed a Passioun
aus. Ugefaangen hunn ech ob engem akuten Obnahmstack fir psychesch krank Leit. 2009 hunn ech dunn mat mengen Arbeschtskollegen ee spezialiséiert Therapiezenter ob Been gestallt wou d’Rehabilitatioun an d’Resozialisatioun vun de psychesch Kranken am Virdergrond steet. Dëst ass ee Service wou sech zum Ziel gesat huet fir Laangzäitpatienten nees ob een autonom d‘Liewe fir ze bereeden an hinnen ze hëllefen nees a Schoul oder schaffen ze goen, an hier Fräizäit ze koordinéieren.
Niewendrun hunn ech all déi Joren a Gewerkschaftsaarbecht erageschnuppert, a si lues a lues och do ëmmer méi aktiv ginn. Aarbechtskonditiounen um Terrain, Bild vun eisem Beruff, den ëmmer méi groussen Drock a Stress hunn mech motivéiert fir mech elo ganz als fräigestallten Delegéierten anzesetzen. An fir besser Aarbechtskonditiounen an awer och fir engt bessert Bild vun eisem Beruff ze kämpfen.
Säit 2015 setzen ech mech zudeem am Beruffsverband vun den Infirmièren/Infirmieren zu Lëtzebuerg dofir an, fir onsere Beruff no fir ze bréngen, an d‘Bild vun der Infirmière ze stäerken.
2. Wéi gesidd Dir den Infirmiersberuff an deenen nächste 5 Joer?
Am Joer 2023 huet d'Beruffsbild an der Gesellschaft sech verännert. Mir ginn net méi als "Schwësteren", "Meedecher" ugesinn me als professionelle Matspiller am Gesondheetssystem deen aktiv an engem gestäerkte "Rôle Propre" ka bei der Fleeg matwierken.
"Wuert vum Infirmier ass genee esou vill Wäert ewéi dat vum Medeziner! An mir schwätzen ob Aenhéicht mateneen !!“
An 5 Joer ass et och eng Normalitéit ginn dat mir als Gesondheetsberuffler ob nationaler a ministerieller Ebene kenne matschwätzen iwwert dat wat onsere Beruff ugeet.
An dat wichtegst, mir hunn nees méi Zäit fir ons Patienten, doduerch dat mer net mam minimum um Terrain fonktionneire mussen!
3. Wéi wëllt Dir Iech perséinlech als wielbaren/gewielte Politiker fir den Infirmiersberuff engagéieren?
Den Infirmier ass oft den 1. Kontakt fir Léit wou Hëllef brauchen. Leider wëllen ëmmer manner Léit de Beruff léieren,an et feelt iwwerall un Personal. Déi aktuell Situatioun ass net méi drobar. Dowéinst well ech dofir suergen, dass déi aktuell Regierung hier Verantwortung fir déi aktuell Situatioun iwwerhëlt, d.h. konkret:
- bis 2020 eng interministerielle celulle politiques de soins gergrënnt gëtt. Membere sollen nieft den zoustännege Politiker (Gesondheets-, Securite sociale-, Familje-, Schoul- an Héischschoulministère) och Experten am Beräich vun der Fleeg, Acteure vum Terrain souwéi Beruffsorganisatioune sinn. Dës Cellule trefft sech an definéierten, reegelméissegen Ofstänn.
- bis 2020 beim Gesondheetsministère mindesten dräi Vollzäitplaze geschaaft ginn, déi fir dës "Cellule politique de soins" zoustänneg sinn.
- bis 2021 Problemanalyse duerch Experten duerch Experten duerchgeféiert gëtt, fir un Hand vu validen Zuelen en Iwwerbléck zur aktueller Lag ze schafen.
- bis 2022 des Cellule en Aktiounsplang ausschafft, ëmsetzt a bis 2023 un Hand vun enger neier Analyse evaluéiert gëtt.
- d'Attributiounen bis zum Enn vun der Legislaturperiode iwwerschafft an den aktuelle Kompetenze vun den Infirmièrë gerecht ginn. Dobäi soll den Undeel vum "rôle propre" bäihuelen.
- bis 2021 an enger Ëffentlechketscampagne d'Bild vum Infirmier/ Infirmier spécialisé wäertschätzend duergestallt gëtt. Dobäi soll déi alldeeglech Verantwortung siichtbar ginn.
- Fir dass een awer och Evaluéiere kann op d’Politik hier Zieler erreecht huet, ass et wichteg dëst an Hand vun engem SMART-Schema vun de Pflegediagnosen oofzebilden. Dat heescht: Wei genau soll wat bis wéini a firwat ëmgesat ginn. (SMART= S: spezifesch - prezis definéiert wéi engt Ziel soll erreecht ginn, M: miessbar: wéi kann iwwerpréift ginn ob Ziel erreecht gëtt, A: Akzeptabel: kenne Matspiller all mat der Léisung liewen, R: Realistesch: ass Ziel erreechbar an erausfuerderend, T: terminéiert - zäitlech definéiert)
Als Personaldelegéierte léie mir awer och Aarbechtskonditioune fir d’Gesondheetsberuffer um Häerz. Ech wiere mech strikt géint all Outsourcing vu Gesondheetsdéngschtleeschtungen aus dem ëffentleche Gesondheetssecteur, a setze mech a fir dat Kollektivverträg am Gesondheetssecteur déi bleiwen déi se sinn: sozial a staark!
Tina KOCH