12.05.2019: Happy Nurses Day

publié le 12.05.2019

LËTZEBUERGEG (Version francaise en bas)

1406796693102.png


De Comité vun der ANIL well Iech MERCI soe fir déi groussaarteg Aarbecht déi dier all Dag leescht! Villmools MERCI fir ären onermiddlechen Asaz am Aarbechtsalldag a fir de Beruffsverband. Mir maachen alles fir iech ze ënnerstëtzen an Ärem Optrag gerecht ze ginn!

Le comité de l’ANIL aimerait remercier tous les infirmières et infirmiers pour leur travail extraordinaire. Nous vous remercions pour votre engagement indéfectible dans votre travail quotidien et pour l’association. Nous faisons tout pour vous soutenir et satisfaire vos exigences.


Dir suergt fir Wuelbefannen a guidéieren déi Betraffen duerch hier verletzlechst Momenter. Dir hutt en räicht an déift Verständnis vun de Lierwensprozesser an de Wäerter: Dir fillt d’Léift, gesitt Freed an erkennt Trauregkeet. Dank Iech fillen déi Betraffen sech entlaascht an ënnerstëtzt. D’Famill weess, dass hire Familljemember bei iech a gudden Hänn ass.

All Dag schafft dier am Team zesummen a stellt iech neien Erausfuerderungen. Dier kennt a musst iech dobäi openee verloossen! Dat ass net ëmmer einfach! Mee Är Leidenschaft an Är Expertise sinn Är Motivatioun. Dëst hält iech zesummen. Dat ass är Stäerkt! Merci den anere Professiounen, mat deene mir op Aenhéicht zesumme schaffe kennen. Dat ass leider net ëmmer selbstverständlech!

D’ANIL setzt sech fir iech an, well eis bewosst ass, dass d’Gesellschaft an d’Politik d’Leeschtunge vun der Fleeg net ëmmer esou wouerhëlt, wéi si et verdéngt hätten.

Den International Council of Nurses an de Lëtzebuerger Beruffsverband fir d’Infirmièren an Infirmieren d’ANIL, rifft hier Professioun den 12ten Mee dozou op, sech Gehéier ze verschafen, opzestoen a gesinn ze ginn. Et ass Zäit matzemëschen, sech zesummen ze doen an sech fir eis Professioun anzesetzen.

D’Gesellschaft an d’Politik mussen verstoen, dass mir déi sinn:
  • déi sech fir déi Krank asetzen,
  • déi d’Fähegkeeten hunn fir dass si sech sécher a gebuerge kenne fillen,
  • déi Daach an Nuecht an allen Milieue verfügbar sinn,
  • déi déi hëllefen d’Schierbelen nees zesummen ze flecken wann alles ze vill ass an d’Gesondheet net méi mat mécht.
All eenzel Infirmière an Infirmier mécht en Ënnerscheed!

MERCI, dass dir de fleegebedierftege Mënschen esouvill Liewensqualitéit erméiglecht!
Everyday is a nurses day! Happy Nurses Day!
 

FRANCAIS
Vous assurez le bien-être et vous guidez le bénéficiaire de soins à travers ses moments les plus vulnérables. Vous avez une compréhension riche et profonde des processus et des valeurs de la vie: Vous ressentez l’amour, voyez la joie et reconnaissez la tristesse. Grâce à vous, les bénéficiaires de soins se sentent soulagés et soutenus. La famille sait que leur membre de famille est entre de bonnes mains avec vous.

Chaque jour vous travaillez en équipe ensemble et vous relevez de nouveaux défis. Vous pouvez et vous devez vous faire confiance. Ce n’est pas toujours facile, mais votre passion et votre expertise sont votre motivation. C’est ce que vous unit. C’est votre force. Merci aux autres professions, avec lesquelles nous pouvons travailler d’égal à égal. Malheureusement ce n’est pas considéré comme évident.

L’ANIL s’engage pour vous parce que nous sommes consciente que la société et la politique ne considèrent pas toujours les prestations de soin comme nous méritons qu’elles le soient.

Le conseil international des Infirmières et Infirmiers et l’ANIL appelons notre profession à vous faire entendre, à vous lever et à être vus. Il est temps de se réunir et de s’impliquer.

Les dirigeants doivent comprendre, que nous sommes:
  • ceux qui s’engagent pour les malades,
  • ceux qui ont les compétences pour faire sentir les malades en sécurité,
  • ceux qui sont disponible chaque jour à tout moment dans tous les milieux,
  • ceux qui aident à recoller les morceaux cassés quand tout est trop.
Chaque infirmière/ infirmier compte!

MERCI de permettre aux personnes ayant besoin de soin de bénéficier d’une telle qualité de vie.

Everyday is a nurses day! Happy Nurses Day!