05.03.2019: ANIL am MiSa fir en "Etat des lieux"

publié le 06.03.2019

D'Membere vum ANIL-Verwaltungsrot waren um Gesondheetsministère fir en "Etat des lieux des professionnels de la Santé“ ze maachen.

1432480737135.jpg

Mir hunn eis ënner anerem fir folgend Themen agesat:
  • Fuerderung vum selbststännege Schaffen duerch Erweiderung vun den Attributiounen (Prescriptioun vu Verbandsmaterial, Pflegehëllefsmëttel,…) vun Infirmièrë gekoppelt un eng Formatioun, déi des Kompetenzen erweideren (Wondexpert,…)
  • Mam Fokus „Die Besten ans Bett“:
    • Schafe vun engem Bachelor- a Masterstudiengang an der Fleeg (Infirmière de pratique avancée)
    • Schafe vu modulären (universitären) Formatiounen, déi d’Expertise an engem bestëmmte Gebiet erweideren
  • Schafe vun enger "Division des soins infirmiers“ déi ënnert der Leedung vun enger Infirmière steet beim Ministère de Santé
  • D’Platz vun der Infirmière an der Primärversuergung an enker Zesummenaarbecht mam Hausdokter. De Fokus läit dobäi net dorobber, den Hausdokter ze ersetzen/ him d’Aarbecht ofzehuelen, mee ergänzend zu him als éischt Kontaktpersoun d’Patienten an hier Famill mat (chroneschen) Erkrankungen am Alldag ze ënnerstëtzen.
  • D’Roll vun der Infirmière an der Eegeverantwortung an der Versuergung vu chronesch kranke Leit iwwert de gesamte Krankheetsverlaf.
 
Mir si gespaant ob d’Resultater vun dësem "Etat des lieux“ an halen Iech um Lafenden!“