09.11.2017: Foire de l'étudiant

publié le 11.11.2017

Den 9ten an den 10ten November war nees d'Foire de l'étudiant.

D'ANIL war nees mat engem Stand vertrueden

Insgesamt hunn 16 interesséiert SchülerInnen eise Stand gezielt gesicht. Dat klengt vläicht fir den éischte Moment no net esou vill. Am Verglach zum leschte Joer ass et allerdéngs eng stattlech Zuel.

Konkret Froen déi d'SchülerInnen haten, hunn vun...

... Wat mëscht eng Infirmière an wou schafft se?

iwwert

... Wat verdéngt eng Infirmière?

bis zu

… Wat ass d'ANIL?
… Wéi kann ech Member an der ANIL ginn a wat hunn ech dovunner?

gereecht.


D’Studienméiglechkeete vun enger Infirmière waren och Thema:

… A wéi wäit kennen d'Etuden och am Ausland gemaach ginn?
… Wou kann een dat studéieren a wat sinn d’Ënnerscheeder?
… Wat sinn d'Konditioune fir dass d'Etuden aus dem Ausland zu Lëtzebuerg unerkannt ginn?


E puer SchülerInnen aus dem LTPS haten sech schon konkret Gedanken zu engem Studium gemaach:

... Ech wéilt gäre Fleegewëssenschafte studéieren, wou kann een dat maachen?
... Wou schafft een zu Lëtzebuerg herno mat engem Bachelorofschloss am Verglach zum BTS-Ofschloss?

D’Froen dozou, ob d’Spezialisatiounen och am Ausland gemaach kenne ginn, goufen no enger kuerzer Erklärung un déi zoustänneg Associatioune weidergeleet.

Onsécherheete säitens de SchülerInne bestoungen hisiichtleg der Méiglechkeet, nom BTS iwwert d’Passerellen zu Namur en Bachelorofschloss no engem Joer ze maachen.


Am grousse ganze waren et zwee gelongen Deeg. A répéter!


Stand_Foire