Professionell Fleeg an Zäite vun COVID-19. Mir sichen Är Praxisbeispiller
publié le 13.02.2021Léif Kolleeginnen an Kolleegen,
Den Lockdown am Fréijoer an déi an der Tëschenzäit deels immens streng Schutzreegelungen besonnesch fir déi vulnerabel Leit beschäftegen a beweegen eis.
Trotz den schwéieren Bedéngungen huet déi professionell Fleeg erméiglecht, mat den Aschränkungen ëmzegoen. Mir wëllen dës professionell Fleeg siichtbar maachen. Duerch Praxisbeispiller vun enger gelongener Fleege wëll d'ANIL och déi POSITIV Erfarungen weiderginn, vuneneen léieren an Ressourcen souwéi Ideeën deelen. Am beschten Fall kënne mir esou op ënnerschiddlechen Ebenen, d'Liewensqualitéit vun vulnerabelen Mënschen wärend der COVID-19-Pandemie e bëssen verbesseren. Och soll heiduerch d'Komplexitéit vun enger professioneller Fleeg siichtbar gemaach ginn.
D'Dokument ass net ofschléissend an mir freeën eis op all Praxisbeispill oder weider Réckmeldungen. Är anonym Réckmeldungen wäerten mir mat den Lëtzebuergeschen Medien deelen an d'Komplexitéit vun enger professioneller Fleeg siichtbar maachen. Och wäerten mir d'Réckmeldungen op eiser Homepage, an der ANIL News souwéi op den sozialen Medien mat eisen Memberen deelen.
Léif Gréiss
Den Comité vu der ANIL
>> LINK ZUM ANONYMEN FORMULAR