Petitioun "Bachelor fir d'Infirmièren an Infirmieren"

publié le 24.03.2021

En motivéierten Infirmiersstudent huet op eegen Inititativ eng Petitioun lancéiert an d'ANIL em Hëllef gefrot.

D'ANIL hat den Schrëtt vun enger Petitioun fir en méi spéiden Moment geplangt. Och wann mir d'Argumentatioun vun der Petitioun aneschters verfaasst hätten an aner Gesondheetsberuffer mat abezunn hätten, hunn mir eis dozou entsched dës Petitioun ze ennerstëtzen well:
  • mir der Gesellschaft an Politik weisen wëllen, dass d'Reform vun eiser Formatioun gewollt, wichteg an richteg ass,
  • eng nei Petitioun wärend engem Joer net ugeholl wäert ginn, well se zum änlechen Thema ass.
Mir wäerten den Théo sou gutt et geet beroden an an der Chamber ënnerstëtzen wann d'Petitioun genuch Ënnerschrëften kritt.

Setzt dowéinst mat eis en Zeechen, dass den Bachelor fir d'Infirmièren wichteg an richteg ass ‼️

Ënnerschreift d'Petitioun:
  1. Klickt op den Link ✅
  2. Gitt Är Donnéeën an ✅
  3. Confirméiert den E-Mail ✅


Sharing is Caring: Schéckt den Link vun der Petitioun (https://www.petitiounen.lu/petition/1811) un Är Kontakter an bied si se ze fläisseg ze deelen ‼️