07.05.2019: Aggressiounen géint Rettungsdengschter

publié le 08.05.2019

Den Schutz vun den Rettungsdéngschter firun Aggressiounen ass den But vum Gesetzesprojet 7340, deen den 07.05.2019 eestëmmeg ugeholl ginn ass an och vill an den Medien war.

Leider ass och Gewalt géint Infirmièren an Infirmieren zu Lëtzebuerg Alldag! Den International Council of Nurses (ICN) huet en Positiounspabeier zum Thema verfaasst.


D'Gewalt géint d'Infirmièren an Infirmieren hellt ëmmer méi zou. D'Hemmschwelle ginn erof an d'Iwwergrëff hunn schwéier Konsequenzen.

Am heefegste betraff sinn no dem ICN Infirmièren déi an der Psychiatrie souwéi an Urgence schaffen. Wärend Bereetschaftsdengsten, Nuetschichte sowéi bei Infirmieren déi eleng schaffe kommen Aggressioune géint Infirmiere méi oft fir.

Déi däitsch Berufsgenossenschaft für Gesundheitsdienst und Wohlfahrtspflege huet 2012 ënnersicht, wéi oft Beschäftegter verbal a kierperlech Gewalt erliewen.
 
Méi wéi 50% vun de Befroten hunn kierperlech a ca. 80% hunn verbal Aggressiounen op der Schaffplaz erlieft. Tendenz steigend!
 
Den ICN fuerdert dowéinst en héicht Engagement vun den Responsabelen an eng konsequent Null-Toleranz-Strategie ganz nom Motto "No matter what's the situation, it's never OK!".

En 10-Punkteplang géint Gewalt an Aggressioun an der Fleeg kéint folgenderweis ausgesin:
1. Improve Security
2. Identify risk to staff and others
3. Include family in the development of patient care plans
4. Ensure violent incidents are reported, investigated and acted upon
5. Prevent violence through workplace design
6. Provide education and training to healthcare staff
7. Integrate legislation, policies and procedures in a state-wide approach
8. Provide post-incident support
9. Apply anti-violence approach across all healthcare disciplines
10. Empower staff to expect a safe workplace