16.05.2019 - 17.05.2019: D'ANIL besicht den Kongress vum Schwäizer Berufsverband SBK
publié le 24.01.2019Den 16ten an 17ten Mee organiséiert den schwäizer Berufsverband (SBK Schweiz - ASI Suisse) hieren Kongress zu Basel.
Thema: Pflege wirkt! // Pouvoir infirmier, en avant!
Ennert den Keynote Speaker sinn d'Vizepräsidentin vum ICN an d'WHO Chief Nurse. Den definitiven Programm wäert deemnächst disponibel sinn.
De Kongress vum Schwäizer Berufsverband fennt zu Basel statt an huet sech déi lescht Joren doduerch aus gezeechent, dass en franséisch souwéi däitsch sproocheg Presentatiounen sou wéi qualitativ héichwäerteg Virträg ubiddt, déi fir d'Leit aus der Praxis relevant sinn.
Weider Infoe fannt dier op https://www.sbkasicongress.ch
Bei Interesse vun de Memberen besteet d’Méiglechkeet als ANIL eng Gruppe unzemellen an de Kongress zu engem reduzéierte Tarif ze besiche.
Interesséiert Persoune kenne sech gäre bis den 28.04. umellen.
Prix et modalités
Normal Präisser: 395€/ 2 Deeg
Studenten: 217€/ 2 Deeg
Bei mindestens 10 Umeldungen gëllen déi méi gënschteg Gruppenkonditiounen.