11.10.2018: Fleeg an den Medien
publié le 11.10.2018Am Panorama vum 100.7 war haut d'Fleeg en Thema.
Am Interview mat eiser Generalsekretärin ass si nachmol op d'Walprogrammer an d'Fuerderungen vun den ANIL angangen (ab Min. 05:15)
Eis Messagen ënner anerem - D’Fleege an d’Gesondheet muss eng Prioritéit vun der nächster Regierung duerstellen:
- Den Gesondheetsministere kann just mat den Suen schaffen, déi en vun der Regierung gestallt kritt (Investitioun)
- Mir kennen net op Question parlementairen waarden: En jäerlechen Rapport zur Lag vun der Fleeg (Bestandsopnam)
- Vun 5 zoustännegen Ministeren fillt keen sech fir déi aktuell Situatioun responsabel. Mir brauchen dringend en Aktiounsplang fir d’Fleeg (Organisatioun, en Plang).
Fannt en Extrait vum Interview hei