16.03.2018: Journée de future infirmière
publié le 14.03.2018Fir den 16ten Mäerz gouf d‘ANIL invitéiert un der Journée de future Infirmière am LTPS Bascharage deelzehuelen.
Dobäi wäert den Beruffsverband sech den Infirmières-SchülerInnen virstellen, hiren Rôle nach eemol erklären an sech mat hinnen zu Froen zum spéideren Beruffsliewen austauschen.
Och wäert d‘ANIL d‘SchülerInnen fir d‘Responsabilitéit vun all eenzelem Infirmier/ all eenzeler Infirmière sensibiliséieren, den Beruff an der Ëffentlechkeet ze valoriséieren an ze vertrieden.