
12.05.2025: Internationalen Dag vun der Infirmière / dem Infirmier
publié le 02.04.2025Den Film "Heldin" weist d'Schwachstellen vun eisem Gesondheetssystem an bitt eng gutt Basis fir d'Zukunft vun der Infirmière/ dem Infirmier zu Letzebuerg ze diskutéieren.
Dowéint invitéiert d'ANIL am Kader vum internationalen Dag vun der Infirmière / dem Infirmier, den 12ten Mee, Membren vun der Politik (Gesondheetskommissioun etc.) a Gesellschaft op d'Virféierung vum Film "Heldin".
Fir am Uschloss, déi ethesch, aarbechtspsychologesch an fleegeresch Aspekter vun eisem Beruffsalldag souwéi Léisungsfirschléih fir Letzebuerg ze diskutéieren, invitéiert d'ANIL Infirmièren an Infirmieren op déi uschléissend Table Ronde.
Zum Ofschloss wäert d’Gesondheetsministesch Mme Deprez hier zukünfteg Projete fir d'Promotioun vun der Infirmière uschwätzen an op dat Gesote reagéieren.
Wéini: 12ten Mee, 19:00 Auer
Wou: Kinoler (38 Rue Principale, 8376 Kahler)
Frais de participation: Gratis
Platzen si limitéiert an gi prioritär un Membren vun der ANIL verginn. Är Aschreiwung gëtt vun eis per Mail konfirméiert.
Sollt Dir keng Platz méi kréien kennt Dir op d'Wardelescht gesaat ginn, an mir soen Iech 1 Woch firdrun Bescheed.