23.04.2020: Potential vun den Infirmièren an Infirmieren an der COVID-19 Pandemie. Entrevue mat der Gesondheetsministesch

publié le 29.04.2020

An engem Schreiwen un eis Gesondheetsministesch Paulette Lenert an d'Direction de la Santé, huet d'ANIL op d'Potenial vun den Infirmièren an Infimieren am Management vun der aktueller Krise higewisen an Fuerderungen kommunizéiert.

Op Invitatioun vun der Gesondheetsministesch hunn mir eis den 23.04.20 mat der Madame Lenert souwéi den Vertrieder vum Gesondheetsministère an der Direction de la Santé getraff. Enner anerem gouf d'Wichtegkeet vum Chief Nursing Officer an dem Coordinateur National des Professions de la Santé ugeschwat. Den Aufgabenberäich d'Positioun am Organigramm vun der Chef-Infirmière, déi laut der Recommendatioun vum ICN an der Conclusioun vum State of the World's Nursing Report um Gesondheetsministère fir d'Fleegepolitik zoustänneg soll sinn waren bis elo zu Letzebuerg nach net transparent festgehaalen.

Esouvill dierfen mir awer verrooden: Dëst wärt sech ganz geschwënn änneren!

Wann Dir noliesen wëllt wéi eng Decisiounen getraff goufen, fannt Dir den Rapport hei.

1482122674915.png