02.06.2018: Strategiedag ANIL
publié le 04.06.2018Den leschten Samschden hunn mir eis mat der Presidentin vum SBK Schweiz - ASI Suisse (Schweizer Berufsverband der Pflegefachfrauen und Pflegefachmänner), dem Helena Zaugg zesummegesat an wärend engem produktiven Dag eis Erfarungen ausgetosch, déi aktuell Situatioun analyséiert, eng Visioun fir déi kommend Joren an en Aktiounsplang ausgeschafft.
Vun der ANIL mat dobäi waren: Anne-Marie Hanff, Danielle Meyer, Marie-France Liefgen, Michele Halsdorf, Nadine Schartz, Nicole Weis-Liefgen an Tina Koch.
Och waren mir immens dankbar fir den wäertvollen Austausch mam Michèle Wolter vum Ministère de la Santé.
Den Dag ass schnell eriwwergaangen an mir hunn vill geschafft. Mir bereeden d'Resultater nach emol no an freeën eis iwwert d'Méiglechkeet fir weider mam Schwäizer Beruffsverband an Kontakt ze bleiwen.
Mir halen Iech weider um neisten Stand.
» PHOTOS